· 

Zwou Prodiumsplazen vir t'Reckener Spiller op de Landesmeeschterschaften



An der Categorie A Herrendoubel hun den Louis Gira an den Mike Kraus Konschtstéck fäerdeg bruecht, eng super 3 Plaz erauszespillen. Nodeems si den éischten Tour spillfréi woren, hunn sie Koppel Wegener-Picard vun Huestert/Folschette mat 3-0 geklappt. Dunn sollt et an der Véierelsfinall zum Duell mam Ronny Zeimes an Luc Michely kommen, déi iwwerraschenderweis kloer mat 3-0 géint Koppel Santomauro Fabio an Christian Kill gewonn hunn, déi op eent gesat woren. An engem spannenden, héich emotionalen Match hunn den Louis an den Mike Nerven behal an konnten sech 3-1 duerchsetzen. Si hunn an deem Moment Veräinsgeschicht geschriwwen, well et stoungen nach ni 2 Reckener an der Haaptkategorie um Podium. An der Halleffinalle hunn si dunn awer missen Iwwerleeënheet vum Eric Glod an Carlo Feltes unerkennen an hunn sech missen mat 3-0 geschloen ginn.

 

Den Reuter Chris huet eng excellent 3 Plaz an der Categorie B gemeet. Nodeems hien sech den éischten Tour mat 3-0 géint den Lafleur Eric duerchgesat hat, huet an der zweeter Ronn den Laurent Feidt gewaart, deen op 2 gesat wor. No engem 3-1 géint den Laurent Feidt wor den Chris lancéiert, an huet an der Reiefolleg 3-1 géint Kolodziej David, 3-2 géint Minden Olivier an 3-0 géint Hoscheid Alphonse wannen. Sonndes an der Halleffinall an der Coque huet hien sech missen géint een excellent opgeluechten Gilles Schaeffer geschloen ginn, deen och spéider Landesmeeschter ginn ass an der Kategorie B Eenzel.

 

Ervirzehiewen bléiwen nach 2 Emploien vun Jugendspiller vum DT Recken. Mandy Portelada huet sech missen no engem excellenten Tournoi am Eenzel an am Doubel 2 mol an der Véierelsfinall geschloen ginn. Hat konnt sech awer mat 2 Plussen tréischten. (Als C3 Spillerin géint eng C1 Spillerin gewonne !!!) Den Joé Gansen, deen richteg gudd gespillt huet, huet sech missen an der Aachtelsfinall geschloen ginn. No 4 engen Sätz wor leider Endstatioun fir hien, mee hien konnt säin Plussenkonto mat engem hallwen Plus erhéijen.

 

Felicitatiounen nach eng Kéier un all eis Spiller ! Fuert weider sou !!!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0


Kontakt - Sekretärin

Jacqueline De Valentin - Bourg

9, Rue des Romains

L-7563 Mersch

GSM: 691 642 871