Tournoi

Tournoi · 11. März 2018
Den 11. Mäerz huet zu Iechternach Finale vum Préminimescriterium stattfonnt. 2 Spiller (Wantz Gene an Habscheid Sam) an eng Spillerin (Portelada Mandy) vum DT Recken haten sech fir Finale qualifizéiert. Et sollt een Dag ginn, wou Veräinsgeschicht geschriwwe ginn ass. Allen dräi stoungen se no engem ustrengenden Dag um Podium. Gespillt gouf nom Modus " jidderee géint jidderee ".
Tournoi · 15. Februar 2018
Den Dubbel Kraus/Gira huet an der Kategorie Herren A eng supper 3. Plaz ereescht. De Chris Reuter huet außerdem eng 3. Plaz an der Kategorie B gemaach. An dësem Artikel fannt dir de genauen Detail mat de Resultater.

Tournoi · 15. Februar 2018
An deene leschten 2 Méint waren erëm eng Réi Tournoien op deenen eis Spiller a Spillerinnen Podiumsplaze beluecht hunn. Ënner anerem waren dëst den 39. Sylvestertournoi vum DT Recken, den Tournoi zu Beetebuerg an t'Nordmeeschterschaften zu Ettelbréck.
Tournoi · 02. November 2017
Déi lescht Woch hunn eng Réi Reckener Jugendspiller un verschiddenen Tournoien deelgeholl an richteg erfollegräich gespillt.

Tournoi · 06. September 2017
Dëse Weekend huet den Gene zwou super Placéierungen op den Internationaux Jeunes de Charleville -Mezières gemaach. Hien huet an der Kategorie vun den U11 déi 9. vu 44. Platze beluecht an an der Kategorie vun den U13 déi 33. vun 52. Platze beluecht. Supper Gene.
Tournoi · 28. Juni 2017
De Weekend vum 24. & 25. Juni 2017 gouf zu Louvain an der Belsch en internationalen Turnéier vir Jugendspiller organiséiert. Zwee Spiller vum DT Recken goufe vun der FLTT selektionéiert: Mandy Portelada a Gene Wantz. Eis zwee jonk Spiller woussten sech ze beweisen an hunn den Turnéier mat zwou gudde Placéierungen ofgeschloss. T'Mandy huet déi 4. vun 13 Platze beluecht bei de Spillerinnen (Joergang 2006/2007) an den Gene gouf 6. vu 26. Spiller (Joergang 2006/2007).



Kontakt - Sekretärin

Jacqueline De Valentin - Bourg

9, Rue des Romains

L-7563 Mersch

GSM: 691 642 871