Den 16. September 2018 organiséiert den DT Recken/Miersch vir déi 11. Kéier de Konschthandwierksmaart "Eenelter Maart". Den Eenelter Maart fënnt am alen Duerfkär vu Recken bei Miersch statt. Vun 10 bis 18.30 Auer fannen t'Visiteuren hei nieft konschthandwierklechen Objeten (Holz, Metall, Steen, Molereien) och Liewensmëttel aus der regionaler Produktioun. Nieft dem Kaf vun originellen a konschtvollen Unikater besteet och t'Méiglechkeet verschiddenen Handwierker bei der Hierstellung vun hire Konschtwierker iwwert t'Schëller ze kucken.

 

De schéin restauréierten Duerfkär bitt de passenden Kader vir den Eenelter Maart. Iwwer 120 Aussteller sinn souwuel op Stänn an de Stroossen wei och a Garagen a Schéieren ze fannen. Nieft enger Reih lëtzebuerger Kënschtler an Handwierker, fannen och däitsch, franséisch a belsch Konschthandwierker den Wee an den Zentrum vum Land. Sou sinn hei och néi Gesichter unzetreffen, déi op de lëtzebuerger Konschthandwierksmärt nach net sou bekannt sinn.

 

Nieft ville Workshops an deenen t'Kanner hirer Kreativitéit freie Laaf kënne loossen, hunn t'Visiteuren och t'Méiglechkeet op engem Iesel oder engem Pony ze reiden.

 

Den Zentrum vu Recken gëtt den Dag vir de Verkéier gespaart. Am Agang vu Recken stinn grouss Parkingen zur Verfügung. Vun hei aus, ass een ouni Problem séier ze Fouss um Maart. 

 

Vir Iessen a Gedrénks ass gesuergt, mir bidden och e Menü un: Ham am Deeg, Gromperegratin mat Ierzen a Muerten. Mellt iech dovir w.e.g. ënnert der Nummer 32 91 60 oder 691 80 82 22 un.

Gäeren kënnt dir äer Reservatioun och online maan. De Formulaire fannt dir hei.

 

Wann dir Froen oder weider Informatiounen iwwert den Eenelter Maart wëllt hunn, dann huelt hei gären Kontakt mat eis op.









Kontakt - Sekretärin

Jacqueline De Valentin - Bourg

9, Rue des Romains

L-7563 Mersch

GSM: 691 642 871