Food-Corners


Dëst Joer hu mir d'Iessen an d'Gedrénks op zwou Plaze rassembléiert. Deen ee Food-Corner ass bei der Famill Steichen am traditionellen Haff an deen aner ass an der rue Niedeschtwies. Hei fannt Dir e Gedrénksstand souwéi ënnerschiddlech Iessbuden. Hei drënner fannt Dir den Detail, a weienge Food-Corner weieen Iessen ugebuede gëtt.


FOOD-CORNER 1

(Haff Steichen)

  • Gegrills (Kotelett, Lëtzebuerger Grillwurscht, Mettwurscht, Kéiswurscht, Veggie-Wurscht)
  • Fritten
  • Zopp
  • Eisekuchen (mat Schlagsahn, mat Äerdbieren)
  • Gebäck & Kaffi
  • Spiller fir d'Kanner
  • Gedrénksstand

FOOD-CORNER 2

(rue Niedeschtwies)

  • Gegrills (Lëtzebuerger Grillwurscht, Mettwurscht, Kéiswurscht, Veggie-Wurscht)
  • Fritten
  • Zopp
  • Paangescher
  • Kniddelen
  • Gedrénksstand
Download
Food-Corners 2023 - Eenelter Maart
Food Corner global.pdf
Adobe Acrobat Dokument 637.8 KB